Abschiedsfeier vum Här Hamus, den 1.März 2011
Kohärenz, Kollegialitéit an Kompetenz - mat dësen drei “K”s léisst
sech dem Här Hamus säi Wierken am Schoulreferat während
deene leschte 24 Joer am Beschte beschreiwen.
Während dëser Zäit war besonnesch d’Allgemengwuel vum
“Corps Enseignant” vum Reliounspersonal e wichtegt Uleies. Mä
och jidder eenzelnen ass mat sengen eegene Problemer a
Suergen eecht geholl ginn.
Déi grouss Präsenz vun de Reliounsenseignanten, souwéi vill léif
Wënsch am Erënnerungsbuch drecken eng grouss Dankbarkeet
aus fir dësen virbildhaften Assatz.
Dofir: Villmols Merci Här Hamus! An all Guddes fir Äer zukünfteg
Aarbecht!